De Boulevard de l'Alzette ass eng Strooss am Pafendall an der Stad Lëtzebuerg. Se verleeft vun der Rue Alfred Kowalsky („Am Musée“) als Sakgaass a südëstlecher Richtung, parallel mat der Uelzecht. Um Wupp vun der Strooss féiert eng Foussgängerbréck iwwer d'Uelzecht an d'Lougaass; d'Strooss selwer geet an e Fousswee iwwer, dee laanscht d'Uelzecht weider féiert a bei der Hondhausbréck erauskënnt. Bis 1947 huet den Odonym Boulevard de l'Alzette den haitege Boulevard d'Avranches bezeechent.
Developed by StudentB